
8. Jugend-Handballcamp
Den Handball Käerjeng organiséiert zesumme mat HUMMEL HANDBALLCAMPS déi 8. Editioun vum HBK Jugend-Handball Camp fir Meedercher a Jongen.
Ënnert dem Motto : Handball ass méi, voll Ënnerstëtzung fir d’Jugend
Programm a Leeschtungen :
- 3 Deeg Handball Training ënnert professioneller Betreiung
- All Dag eng waarm Moolzecht, an Uebst/ Snack an de Pausen
- Waasser virum, während a nom Training
- En exklusive Camp-Shirt
Alterskategorien :
- De Camp riicht sech des Kéier un d’Jugend-kategorie vun 9 Joer bis 17 Joer (inkl.), déi deementspriechend e spezifeschen Camp-Programm ugebuede kréien.
D’Spiller ginn de ganzen Dag betreit.
Präis pro Spiller 139 €
Member HBK 124 €
Geschwësterrabatt 10 €
Umeldung bis spéitstens den 1. Mäerz 2023
per online FORMULAR https://forms.office.com/r/sKaDx0KAkF
mat dem PDF-Pabeierformular : www.hbk.lu/wp2/hbk-handballcamp-2023-form un :camp@hbk.lu