D’HBK Box fir beim Handball Livestream ze genéissen ! Däerf awer och gäre bei anere Geleeënheete consomméiert ginn.
Dëse Weekend (27./28. Februar) mat eisem HoReCa Partner Lo Stadio vu Nidderkuer (www.lostadio.lu)

Mär liwweren an der Gemeng Käerjeng an an der Gemeng Dippech (an dat gratis vun 13 bis 16 Auer) oder d’fonctionéiert en Take-away um Dribbel (vun 13 bis 16 Auer)

Den Haaptmenü gëtt kal geliwwert a muss dann opgewiermt ginn

Setzt aer HBK Iess box individuell zesummen !

D’Liwwerung oder Take-away geschitt an enger Pabeiertut. Oder där wielt eis ökologesch HBK-Jutetut fir 2 Euro

Där bezuelt mat Digicash 621323259 (S. Kieffer Trésorier) oder per Kreditkaart via PayPal (där braucht kee Paypal Kont, einfach dee Button ënnert dem Login-Button "Mit debit- oder Kreditkarte zahlen" notzen) oder per virement op CCRA - LU38 0090 0000 0074 6412 (dann awer weg virum Donneschdeg)

Leschten Termin fir ze bestellen ass Donneschdeg 25. Februar Mëtternuecht

Mär soe Merci a wënsche gudden Appetit

 

[ec_store groupid="7"]