AG 2020 vum HBK : Marc Sales zum Eéire-President ernannt De Mëttwoch 8.Juli 2020 war déi uerdentlech Generalversammlung vum HBK am Dribbel zu Käerjeng. Ënnert deene bekannte Covid19 Mesüren waren eng ganz Parti Memberen, Spillerinnen a Spiller, Elteren an Éiregäscht präsent. Niewt deenen übleche Punkte war awer d’Ernenung vum langjährege President Marc Sales zum Éire-President "à vie“ sécherlech en Highlight. Ausserdeem gouf d'Jenny Zuk fir 100 Matcher an de Vladi Temelkov fir 250 Matcher geéiert. Den Dr. Romain Schockmel als President vun der FLH an de Frank Pirrotte als Vertrieder vun der Gemeng hunn dem Veräin vill Erfolleg fir déi nächst Saison gewënscht.