Récktrëtt vun eisem Trainer Dejan GAJIC

De Comité vum HBK muss leider de Récktrëtt vum Trainer vu senger Härenequippe bekannt ginn. Den Dejan GAJIC huet eis gëschter Owend vun der Demissioun vu sengem Posten informéiert.
D’Sich no engem neie Kandidat ass am Gaang. An der Tëschenzäit iwwerhëlt de Razvan CENUSA an de Chris AUGER d’Direktioun vun der Equippe, bis mär eng definitiv Léisung fonnt hunn.

Den Handball Käerjeng seet dem Dejan Merci fir d’Aarbecht déi hien an de leschte Joren an eisem Club gemaach huet, a fir den Titel vum Champion vu Lëtzebuerg, deen hien mat eisen zwou Equippen gewonnen huet.