EHF Cup Dammen an CHALLENGE Cup Hären

De Géigner am éischten Tour vum EHF Cup fir eis Dammen ass Byasen Handball Elite (NOR)

D'Aller Matcher gi gespillt um Weekend vum 7/8. September, d'Retour Matcher sinn dann eng Woch méi spéit (14/15. September). Eis Dammen hunn am Aller-Match Heemrecht.

De Géigner am éischten Tour vum EHF Challenge Cup fir eis Hären ass Alingsas HK aus Schweden

D'Aller Matcher gi gespillt um Weekend vum 5/6. Oktober, d'Retour Matcher sinn dann eng Woch méi spéit (12/13. Oktober). Eis Hären hunn am Match Heemrecht.

Esou bal mär méi Informatiounen hunn, wäerte mär déi hei op dëser Plaz bekannt maachen.