11. an 12. September : EHF European Cup Hären : HB Käerjeng – KH Vellaznimi HC (KOS)

Den Aller-Match gëtt Samschdes den 1️⃣1️⃣. September um 18:00 ⏰ um 🏟 Käerjenger Dribbel gespillt.
De Retour-Match ass den Dag duerno Sonndes 1️⃣2️⃣. September um 17:00 ⏰ op där selwechter Plaz.
Déi 2️⃣ Matcher ginn ënnert dem Covid-Check System gespillt, dat heescht Entrée ass just fir Leit mat 3G (Geimpft, nees Gesond oder Getest, allen dräi mat Covid Certificat) an d’gi keng Tester sur Place gemaach.
Et si just 3️⃣0️⃣0️⃣ Plazen an der Hall erlaabt. Entrée 15 Euro, Studenten 8 Euro. Kanner bis 16 Joer (an HBK Jugendspiller) hu fräien Entrée.
D’gëtt KEE Virverkaf ugebueden. Déi éischt si vir ❗️
Allez HBK 🦁💚