Yérime SYLLA heescht de neien Trainer vum HBK senger Härenequippe

Mär sinn haut frou Iech de neie Chef-Trainer vun eiser Härenequippe virzestellen. Hien huet 51 Joer, huet déi franséisch Nationalitéit an huet en A Trainer Diplom an ass och EHF-Mastercoach.

An senger Trainer Karriär war hien als Cheftrainer op folgende Plazen aktiv : Nationalequippe Kuwait 2019 bis Februar 2020, Cesson Rennes MHB 2014 bis 2018, Nationalequippe Belsch 2015 bis 2018, Nationalequippe Belsch 2011 bis 2014, US Dunkerque HB 2006 bis 2012.

Dobäi war hien 1x Coupegewënner a Frankräich, 1x 3. an 3x 4. am franséische Championnat, 2x ¼-Final EHF-Cup (mat Dunkerque).

Als Spiller huet hie bei HBCV Lille Métropole, Livry-Gargan HB, UMS Pontault-Combault, US Dunkerque HB, Villeurbanne HA, Thonon Evian HB an Evian Sport Handball gespillt. Hien huet och 23 A-Lännermatcher fir de Senegal gespillt.

.ffiziellen Trainingsufank ass den 3. August, virdru kréien d'Spiller awer en individuellen Trainingsplang fir sech och nees physesch a Form ze bréngen.

Mär wënschen dem Yérime vill Erfolleg an eisem Club.
Welcome Yérime