Miodrag JELICIC, neien Trainer bei de Käerjenger Hären

No deem verschidde Piste mat Trainerkandidaten, an no der Consultatioun vun der Equipe, huet de Staff vum Härekader entscheet bis VIRLEEFEG zur Wanterpaus dem Miodrag JELICIC d’Leedung vun der Equipe unzevertrauen, mat enger Optioun d’Saison ofzeschléissen an eventuell an déi nei ze kucken.

De Miodrag ass 46 Joer al, an huet déi Däitsch Nationalitéit. Hien huet als Spiller bei folgende Clibb gespillt : a Kroatien bei RK Zadar (2. Liga), a Serbien bei Dubočica (1. Liga) a Partizan Belgrad (1. Liga), a Polen bei Piekary Slaskie (1. Liga) an an Däitschland bei HSG Völklingen a VTZ Zweibrücken (3. Bundes-Liga). Als Trainer war hie bis elo bei TV Homburg, TBS Saarbrücken, HK Dudweiler an HK Püttlingen. Hien ass dës Saison schonns der HBK Famill bäigetrueden als U19 Trainer, esou wéi assistant coach vun den Hären.